Sie sind hier

Eise Wahlprogramm (Rahmenwahlprogramm)

Eis Energie setze mir geziilt an, zum Beispill fir Energie ze spueren.

  • Energieeffizienz
  • Ëmweltfrëndlechkeet
Details

1. Energieeffizienz​

Nei Wunngebidder mat neien Energiekonzepter. D’DP setzt sech dofir an, datt grouss Lotissementer an Zukunft en Energiekonzept kréien. Dës Konzepter sollen zesumme vun der Gemeng, dem Promoteur an dem Bauhär ausgeschafft ginn.

DP National: D’DP fuerdert zënter 2008 d’Aféierung vun enger Klimabank, déi de Bierger bei der Finanzéierung vun Albausanéierunge finanziell ënner d’Äerm gräife soll. Mat dëser Regierung hu mir eis Iddi an d’Realitéit ëmgesat. Zënter dem 1. Januar 2017 fonctionnéiert d’Klimabank! Bis ewell hunn d’Bierger missen hir Sanéierungsprojete komplett virfinanzéieren. Dank der Klimabank kënnen déi Betraffen elo e Prêt à taux zéro bis zu 100.000 Euro ufroen, dee vum Staat subventionéiert gëtt.

Ëffentlech Gebaier energetesch sanéieren an erneierbar Energië fërderen an notzen. D’DP setzt sech fir en Investitiounsprogramm tëschent Staat, Gemeng a Gemengesyndikater an, deen deelweis mat innovative Finanzéierungsmechanisme kann ëmgesat ginn (zum Beispill mat engem Public Private Partnership). Do wou et sënnvoll a finanziell vertrietbar ass, sollen ëffentlech Infrastrukturen energetesch sanéiert ginn.

D’ëffentlech Hand muss bei der Notzung vun erneierbaren Energien e Virbild sinn. D’ëffentlech Hand muss hirer Virbildfunktioun a Saachen erneierbar Energië gerecht ginn. Mir wëllen dofir an de Gemengen e séiert a komplett Ëmklammen op grénge Stroum duerchsetzen. Mir erhoffen eis esou net nëmmen eng gréisser Demande vu gréngem Stroum, mä och e neie Wand fir d’Produktioun an d’Fuerschung no erneierbaren Energien.

D’Stroossebeliichtung energetesch verbesseren. D’Stroossebeliichtung mécht e groussen Deel vum Stroumverbrauch vun enger Gemeng aus. D’DP wëll dofir de Stroumverbrauch vun der Stroossebeliichtung lues a lues reduzéieren andeem een op energieeffizient Alternativen zréckgräift, wéi zum Beispill op LED-Luuchten.

Diecherkadaster fir optimal Solarenergienotzung. D’DP wäert an all Gemeng en Diecherkadaster opstellen, deen d’Diecher oplëscht, déi fir d’Solarenergienotzung gëeegent sinn. Mir wäerten awer och analyséieren ob et ëffentlech Fläche ginn, déi och kéinte fir d’Produktioun vun erneierbarer Energie benotzt ginn.

„Fern- und Nahwärmenetzer“ ausbauen, do wou et Sënn mécht. D’DP wäert do, wou et wirtschaftlech Sënn mécht, „Fern- a Nahwärmenetzer“ schafen, bzw. ausbauen.

Ëffentlech Ausschreiwungen och mat Nohaltegkeetskritären. Zousätzlech zu den traditionelle Kritären, wëlle mir bei ëffentlechen Ausschreiwungen an aneren Acquisitioune kloer Richtlinne festleeën, déi d’Kritäre vun Nohaltegkeet, Ëmweltverdréiglechkeet a Kreeslafwirtschaft, schounende Waasserverbrauch an Energieeffizienz berécksiichtegen.

Fuerpark ëmrëschten a Luetstatiounen installéieren. D’DP setzt an de Gemengen op Elektromobilitéit a wäert den ëffentleche Fuerpark no an no op schuedstoffaarm bzw. elektresch Gefierer ëmrëschten. Zesumme mat private Partner wäerte mir de Reseau vu Luetstatioune fir Elektroautoen ausbauen.

2. Ëmweltfrëndlechkeet

De Bësch nohalteg notzen. Mir setzen eis fir eng nohalteg Opforstung an Notzung vum Bësch an, zum Beispill als Energiequell am Kader vun Hackschnitzelheizungen.

Landwirtschaft a Landschaftsfleeg gehéieren zesummen. Eis multifunktionell Landwirtschaft spillt nach ëmmer eng wichteg Roll an der Landschaftsfleeg. Mir erkennen d’Leeschtung un eise Baueren un a wëllen hir Aarbecht, am Aklang mat der Natur an der Aartevillfalt, och weider ënnerstëtzen.

Aktive Buedemschutz. Den aktive Buedemschutz gehéiert zu eisen absolute Prioritéiten am Ëmweltberäich. Mir wäerten net nëmme verhënneren, datt den Zoustand vun eise Biedem sech weider verschlechtert, mee mir wäerten och verknaschte Buedem sanéieren. Fir weiderhi kënnen eng qualitativ héichwäerteg Drénkwaasserversuergung ze garantéieren ass en effiziente Quelleschutz onbedéngt noutwendeg.

DP National: Zënter dem 1. Januar 2016 dierfen d’Gemenge keng Planzeschutzmëttel méi op ëffentleche Plazen asetzen. D’Regierung mécht sech doniewent staark fir d’Revalorisatioun vu kontaminéierte Biedem an den Industriefrichen. Esou huet den DP-Logementsminister ugekënnegt, datt zu Diddeleng, Wooltz, Péiteng a Belval ronn 60 Hektar Land revaloriséiert ginn a ronn 1.500 nei Wunnenge fir 3.500 Awunner a méi wéi 126.000 Quadratmeter Geschäftsfläche wäerten entstoen.

Offallpolitik ass Ressourcepolitik. D’Offallpolitik a Stied, Gemengen awer och doheem ass e wichtegen Deel vum Ëmweltschutz, fir deen sech d’DP op lokalem Niveau asetzt. Besonnesch am Beräich vun der Offallvermeidung, dem Recyclage an der Kreeslafwirtschaft wëlle mir weider Impulser setzen. Heibäi wäerte mir och déi lokal Entreprisen an d’Bierger an eis Strategie mat abannen. Eist Zil ass, datt ëmmer méi Offall vermidde bzw recycléiert ka ginn an ëmmer manner Offall op den Deponië lant. D’DP wäert dofir op d’Ariichte vu regionale Recyclingszentere setzen, déi de Bierger laang Weeër erspueren a wou doniewent och eng gratis Berodung fir d’Bierger ugebuede gëtt. 

DP National: Den DP-Landwirtschaftsminister sensibiliséiert mat senger „AntiGaspi“-Campagne d’Gastronomie, d’Schüler an interesséiert Bierger iwwer d’Folge vun der Liewensmëttelverschwendung an informéiert wéi ee selwer manner Iesse verbëtze kann.

Méi Kompostanlagen ubidden Mir wëlle méi biologesch Kompostanlagen ënnerstëtzen, déi eng ëmweltfrëndlech Alternative fir natierlech Offäll duerstellen.

Wandmillen nëmmen do, wou se och sënnvoll sinn. Mir wëllen eng streng Iwwerpréiwung vun der Faisabilitéit a vum Notzungsverhältnis vu Wandmillen am Verglach mat den Nuisancen. D’Bierger mussen an d’Planifikatioun mat abezu ginn. D’Akzeptanz vun de betraffene Leit ass fir ons e ganz wichtegen Deel bei der d’Realisatioun vu Wandmilleprojeten.

Kläranlagennetz ausbauen. D’DP ass sech bewosst, wéi wichteg eis Kläranlage sinn a wëll dowéinst den europäesche Bestëmmungen nokommen. Kläranlagen a Réckhalbecke si fir d’DP eng Prioritéit am Kader vum Ëmweltschutz.

Reewaassernotzung optiméieren. D’Waasserknappheet ass zu Lëtzebuerg zu engem seriöe Problem ginn. Bei der Sanéierung vu Neibaute vu kommunalen Infrastrukture wëlle mir dofir Reewaassernotzungssystemer aplangen, mat deenen zum Beispill Sanitäranlage kënne waasserspuerend fonctionnéieren.

Lëtzebuerg kann alles erreechen. Ze Fouss, mam Bus, Zuch, Vëlo an Auto.

  • Allgemeng Mobilitéit
  • Verkéierssécherheet
  • Douce Mobilitéit
  • Parksituatioun
Details

1. Mobilitéit allgemeng

Uertschaften a Stied besser matenee vernetzen. D’Offer vum ëffentlechen Transport ass dacks net genuch openeen ofgestëmmt. Duerch eng besser interkommunal a regional Zesummenaarbecht solle strategesch Standuerter, wéi z.B. Akafszentren, Kinoen oder Kliniken, och mam ëffentlechen Transportmëttelen erreechbar sinn.

Mobilitéit am ländleche Raum däitlech verbesseren. Mir wëllen d’Offer am ëffentlechen Transport méi effizient gestalten. Dowéinst wëlle mir dat staatlecht organiséiert Transportnetz virun allem am ländleche Raum op Lücken iwwerpréiwen an op den Niewenachsen e Ruffbusmodell ausbauen. Esou soll de Bierger bequem vu senger Hausdier zu engem gewënschten Zil (bspw. Muséeën, Concertshalen, Sportinfrastrukturen, Schwämmen, Museksschoulen, ëffentlech Bibliothéiken, Kinoen...) bzw. zu enger Zuch- oder Bushaaptachs transportéiert ginn.

Ëffentlechen Transport nuets méi attraktiv gestalten. Besonnesch am Nuetsliewe feelt et dacks un Alternativen zum Auto. Mir wëllen op vill befuerene Strecken d’Horaire vum  ëffentlechen Transport upassen, fir esou virun allem Jugendlecher dovun ofzehalen, iwwermidd oder ënner Alkoholafloss mam Auto ze fueren. Dat bréngt eng wesentlech Verbesserung vun der Verkéierssécherheet.

DP National: Mir hunn an der Regierung d’Entscheedung getraff, testweis Nuetszich un de Weekender anzeféieren. Zënter dem 11. Dezember 2016 fueren d’CFL-Zich tëschent der Stad a Rodange an tëschent der Stad an Ëlwen bis hallwer véier an der Nuecht. No dëser éischter Testphase kënnen zousätzlech Nuetszich op anere Linnen dobäi kommen.

Zoubréngerdéngschter op d’Gare garantéieren. Fir datt déi testweis agefouert Nuetszich e Succès ginn, wëlle mir an de Gemenge Shuttlebusser aféieren, déi och nuets tëschent der Gare an de Wunnuerter fueren.

Fuergemeinschafte fërderen a belounen. Mir wëlle Carpooling-Modeller testen a Gefierer mat méi Leit bevirdeelegen, z.B. duerch eng méi gënschteg oder prioritär Notzung vu Parkhaiser.

Best practice: Zënter Oktober 2015 fonctionnéiert an der Stad Lëtzebuerg net nëmmen de „Vel’Oh“, mee och de „Carloh“. D’Carsharing-Offer vun der Stad kënnt gutt un an ass mëttlerweil op méi Statiounen disponibel.

„Gréng Well“ op vill befuerene Stroossen testen. Déi sougenannte „Gréng Well“ erlaabt et den Automobilisten, déi sech op enger Streck un eng fixéiert Vitesse halen, d’Verkéiersluuten an hirer grénger Phase ze passéieren. D’Aféierung vun esou „Grénge Wellen“ huet a ville Stied am Ausland de Verkéier méi fléissend a méi effizient gemaach. Och d’Leit, déi laanscht esou Stroosse wunnen, profitéieren dovunner, datt d’Gefierer manner dacks stoppen an erëm ufueren. Dat bedeit manner Kaméidi a manner Loftverschmotzung. Zemol owes a nuets versprieche mir eis positiv Erfarungen duerch déi „Gréng Well“.

Hannergrond: An der Stad an zu Esch fonctionnéiert déi „Gréng Well“ scho gutt. Analyse vum Transportministère no, eegnen sech 14 weider Strecken zu Lëtzebuerg fir d’Ëmsetze vu „Grénge Wellen“. D’DP ënnerstëtzt d’Aféiere vun neie Pilotprojeten.

2. Verkéierssécherheet

Tempolimit a Wunngebidder a bei Schoulen. D’DP wäert d’Extensioun vun Tempo-30-Zonen a Wunngebidder a ronderëm Schoule weider ausbauen. Mir wäerten och speziell Sécherheetsmoossname fir Kanner iwwerpréiwen.

Rout Luuchte fir Foussgänger mat Zäitugab installéieren. Foussgänger sinn dacks ongedëlleg, wa se musse laang beim Zebrasträife waarden. Mir setzen eis dofir an, do wou et Sënn mécht, Rout Luuchten z’installéieren, déi d’Sekonne bis bei déi nächst Gréngphas erofzielen.

Dialog-Schëlter effizient asetzen. Dialog-Schëlter weisen d’Vitesse vun de Gefierer, déi laanschtfueren an appelléieren un d’Vernonft an d’Eegeverantwortung vun den Automobilisten. Mir wëlle virun allem Tempo-30- an Tempo-20-Zonë flächendeckend mat esou Schëlter equipéieren, well do besonnesch dacks ze séier gefuer gëtt.

Hannergrond: Déi flächendeckend Aféierung vun Dialog-Schëlter an Tempo-30-Zonen huet enger Analys vu Berlin no zu enger däitlecher Reduktioun vun ze héiger Vitesse gefouert.

Geziilten Asaz vu verkéiersberouegende Mesuren. Virun allem an der Entrée vun Uertschafte gëtt dacks ze séier gefuer. Mir wëllen an Uertsagäng an op soss sensibele Plazen iwwerpréiwen, ob sougenannt Fuerbunndeeler, Verkéiersinselen oder aner verkéiersberouegend Mesure Sënn maachen.

Ze schnell fueren „bestrofen“. Mir wëllen an der Entrée vun Uertschaften a bei Schoulen e System testen, bei deem eng rout Luucht ugeet, wann een ze séier fiert. Esou e Modell soll d’Leit souwuel sensibiliséieren an ze séiert Fuere „bestrofen“.

Sécherheetslücke bei ëffentleche Weenetzer zoumaachen. D’DP wäert déi néideg Moossnamen ergräifen, fir grad u Spillplazen, Schoulen, Fräizäitariichtungen a Betreiungsstrukturen d’Sécherheet vun de Foussgänger a Vëlosfuerer ze garantéieren. Mir wëllen all geféierlech Plazen am kommunale Verkéiersnetz detektéieren an deementspriechend entschäerfen. Zu eiser Léisung fir méi Sécherheet fir Foussgänger gehéieren och méi breet Trottoiren a beliichten Zebrasträifen.

„Kiss-and-Ride“-Zonë viru Schoulen. Mir wëlle „Kiss-and-Ride“-Zonë viru Schoulen aféieren. Eltere kënnen hir Kanner do enger Begleetpersoun iwwerginn, déi mat de Kanner bis bei d’Schoul geet. Do, wou et sënnvoll ass, wëlle mir virun an no der Schoul Schülerlotsen asetzen.

3. Mobilité douce

Vëlosweenetz ausbauen. D’DP wëll déi kommunal Offer u Vëlosweeër ausbauen. Virun allem Schoulen a beléifte Fräizäitanlage solle sécher mam Vëlo erreechbar sinn. Mir wäerten dofir méi en dichten a séchere Reseau u Vëlosweeër bauen.

DP National: D’Koalitioun huet 2015 decidéiert, dat bestoend Vëlosweenetz ëm ronn 1.100 Kilometer, verdeelt op 41 Vëlosweeër, auszebauen. Dës zousätzlech Weeër solle virun allem déi lokal Vëlosweeër mam nationalen Netz verbannen.

Virfaart fir Cyclisten a Foussgänger. Vill besicht ëffentlech Plazen an Infrastrukture solle mat genuch Vëlosboxen a Stellplazen equipéiert ginn. Ähnlech wéi an der Stad Lëtzebuerg solle méi Gemenge Vëloen oder souguer E-Bikes ubidden, fir datt d’Bierger kuerz Strecken ouni Auto bewältege kënnen. Dëst kann a soll a Kooperatioun mat Nopeschgemenge geschéien.

4. Parkingssituatioun

Park-and-Ride-Netz ausbauen. Vill Gemenge leiden ëmmer méi ënnert dem Pendlerverkéier. Fir datt d’Gefierer iwwerhaapt net bis an d’Stied fuere mussen, wëlle mir weider Park-and-Ride-Plaze baussent den Uertschafte bauen, vun deenen aus Busser an d’Stad fueren, mat enger optimaler Ubannung un den ëffentlechen Transport.

Parking résidentiel ausbauen. Mir wëllen d’Parkregelunge laanscht d’Stroossen iwwerpréiwen an upassen, wou et néideg ass. Virun allem a Wunngebidder wëlle mir de Parking résidentiel ausbauen, fir ze verhënneren, datt d’Awunner déi Leeddroend vum Pendlertrafic ginn.

Nei Industrie- an Aktivitéitszone mat genuch Parkingen. Kommunal Aktivitéitszone sinn an der Reegel ronderëm d’Gemengen an entlaaschten esou d’Stad- an Duerfzentre vum Verkéier duerch Pendler a Clienten. Eng Aktivitéitszon ass allerdéngs nëmmen dann efficace, wa genuch Parkplazen do sinn. Dat ass fir eis wichteg beim Plange vun neien Zonen. Industriezone bidden sech och fir nei Park-and-Ride-Plazen un.

Méi Livraisounsplazen. D’DP setzt sech fir speziell Livraisounsplazen op vill befuerene Stroossen an, op deenen de Verkéier dacks duerch Liwwerween behënnert gëtt. Mir wëllen och méi géint d’Zouparke vun Trottoiren a Vëlosweeër maachen.

Eis Kleng si fir eis keng Klengegkeet

  • Bildung
  • Kannerbetreiung
  • Famil
  • Jugend
  • Alter
Details

1. Bildung a Kannerbetreiung

Schoulen a Betreiungsplaze kannergerecht gestalten. D’DP wäert op eng kannergerecht Gestaltung vun de Raimlechkeete bei der Sanéierung oder beim Neibau vu Schoulen a Betreiungsplazen uecht dinn, fir de Kanner e motivéierend, gesond an altersgerecht Ëmfeld ze bidden.

Schoulkomplexer standuertorientéiert plangen. Net all Schoul kann op déi selwecht Aart a Weis ëmgesat ginn. A méi ländleche Gemenge kann en zentrale Schoulcampus onnéidege Schoultransport reduzéieren. Et kann e Virdeel sinn, Schoul a „Maison relais“ um selwechte Campus z’installéieren, fir bspw. méi Plaz fir d’Kanner ze schafen. Mir wëlle bei neie Schoulkomplexer kucken, wéi eng Zort vu Schoulkomplex de lokale Konditiounen an dem Wuel vun der Kanner am beschten entsprécht.

Doriwwer eraus solle lokal Veräiner, wa méiglech, och Accès op de Schoulcampus kréien. E Schoulcampus ka sech esou zu engem attraktiven, liewegen a sécheren Zentrum an enger Uertschaft entwéckelen.

Viraussetzunge fir digitalen Unterrecht schafen. Mir wëllen dee beschtméiglechste Kader fir ze léieren. Dozou gehéieren och e modernen Equipement a genuch Informatikmaterial, fir d’Schüler op d’Erausfuerderunge vun haut virzebereeden.

Nieft de „Maison relaisen“ d’Crèchen net vernoléissegen. All Gemeng bitt mëttlerweil Kannerbetreiung mat op mannst enger „Maison relais“ un. D’Betreiung a Crèchë sinn allerdéngs meeschtens a privaten Hänn. Mir wëllen iwwerpréiwen op d’Crèchen a verschiddenen Uertschafte genuch Capacitéiten hunn a wann net, kommunal Crèchen ubidden.

D’Qualitéit vun de Kannerbetreiungsinfrastrukture verbesseren. Fir dass sech Kanner wuel fillen a sech an hirer Entwécklung fräi entfale kënnen, wäerte mir bei der Sanéierung a Planifikatioun vun neie Betreiungsplazen op genuch Plaz an a ronderëm den Infrastrukturen oppassen.

DP National: Als Regierungspartei huet d’DP Qualitéitskritären an der Kannerbetreiung agefouert. Zënter Hierscht 2016 muss all Kannerbetreiungsstruktur en eegent pädagogescht Konzept hunn. Kanner sollen nämlech net nëmme versuergt, mee och gefuerdert ginn. Ab Hierscht 2017 gëtt doriwwer eraus eng gratis multilingual Kannerbetreiung ugebueden, an där d’Lëtzebuergesch eng wichteg Roll kritt. An der Schoul ass eng individuell Fërderung vun all Schüler eng Prioritéit. Dofir suergt zousätzlecht Léierpersonal fir eng besser Ënnerstëtzung vu Kanner mat Léierschwieregkeeten.

Flexibel Ëffnungszäite vun de Betreiungsstrukturen. D’DP setzt sech fir méi flexibel Ëffnungszäite vun de kommunale Betreiungsstrukturen an. D’„Maisons relaisen“ sollen dat ganzt Joer iwwer op hunn a verlängert Ëffnungszäite sollen Eltere mat onreegelméissegen Aarbechtszäiten entgéint kommen.

Oppe Betreiungsstrukturen. D’DP wäert et den Elteren a Betreier (bspw. Dagesmammen), déi hir Kanner doheem betreien an erzéien, erméiglechen, d’Betreiungsstrukture vun de Gemengen als Kontakt a Berodungsstellen an Usproch ze huelen.

Gesond, equilibréiert a regionaalt Iessen an de Betreiungsstrukturen. An ëffentleche Kantinne leeë mir ganz vill Wäert op eng kandgerecht souwéi e gesond an equilibréiert Iessen, haaptsächlech mat regionalen a saisonale Produiten.

DP National: De Landwirtschaftsministère, dee vun der DP gefouert gëtt, leet an ëffentlechen Ariichtunge grousse Wäert dorop, datt haaptsächlech regional a saisonal Produiten ugebuede ginn. Nieft dem Iessen an de Kantinne spillen och Aktioune wéi „Schoulmëllech“ a „Schouluebst“ eng wichteg Roll. D’Regierung engagéiert sech doriwwer eraus géint onnéidegt Verbëtze vu Liewensmëttel.

Zesummenaarbecht tëschent Betreiungsstrukturen, Schoulen, Jugendhaiser a Veräiner. Wann d’Betreiung vun engem Kand a méi Hänn läit, ass eng kohärent Zesummenaarbecht tëschent all den Acteuren immens wichteg. D’Aarbecht mat de Kanner an de Kannerbetreiungsstrukturen a Grondschoule muss openeen ofgestëmmt sinn. Eis Kanner musse während der Betreiungszäit an der „Maison relais“ hiren Hobbyen a Fräizäitbeschäftegungen nogoen kënnen. Dowéinst wëlle mir d’Zesummenaarbecht tëschent de Betreiungsplazen, der Schoul, de Veräiner an eventuell och de Jugendhaiser verbesseren. Doduercher kënnen d’Offere besser openeen ofgestëmmt ginn (beispillsweis Hausaufgabenhëllef oder Nohëllef) bzw. fir systematesch Vakanzen- a Fräizäitaktivitéiten besser mateneen ofzestëmmen.

D’Gemeng kann a soll hir Roll als Vermëttler tëschent den eenzelen Acteuren ubidden.

DP National: Zënter dem 1. Dezember 2016 kënnen Eltere vum neie Congé parental profitéieren. Dëse bréngt méi Flexibilitéit an Zäit fir d’Famill. Den neie Congé parental ka bspw. nëmmen un engem Dag an der Woch geholl ginn. Doduercher kënne méi Mammen a Pappen de Congé parental huelen. Ausserdeem ass de Congé parental elo finanziell méi attraktiv.

Crèchen an Entreprisen. Mir wëllen d’Kannerbetreiung besser an d’Aarbechtswelt integréieren. Bei der entspriechender Nofro, wäert d’DP Entreprisen dobäi ënnerstëtzen, fir Crèchen eleng oder an Zesummenaarbecht mat aneren Entreprisen anzeriichten. Beispillsweis kéinte Crèchen an Aktivitéitszonen installéiert ginn.

2. Famill, Jugend an Alter

E Konzept fir eng kandgerecht Gemeng. D’DP setzt sech dofir an, dass d’Gemengen zukunftsorientéiert Konzepter fir d’Wuelbefanne vun de Kanner opstellen. An Zesummenaarbecht mat Elteren, dem Léier- a Betreiungspersonal sollen, nieft bestoenden Offeren, weider Aktivitéiten an de Beräicher Sport, Kultur a Fräizäit ugebuede ginn. Am Mëttelpunkt sollen d’Wuelbefannen an d’Entwécklung vun de Kanner stoen, esou wéi Fräizäitofferen, déi et den Elteren erlaben Zäit mat hire Kanner ze verbréngen.

Altersgerecht, thematesch villfälteg a sécher Kannerspillplazen. D’DP setzt sech fir altersgerecht, thematesch villfälteg a sécher Kannerspillplazen an alle Gemengen an. Dowéinst wäerte mir méi grouss, schon existent Spillzonen, falls noutwendeg, nei gestalten an nei Spillplazen a Fräizäitanlagen op zousätzleche Plaze schafen.

Jugendhaiser mat Konzept. Mir wëllen d’Jugendhaiser zesumme mat de Verantwortlechen a Jugendlechen esou gestalten, datt eng héich Qualitéit vun der Betreiungsaarbecht an de Gemenge garantéiert gëtt. Nieft Fräizäitoffere wäert d’DP och präventiv a berodend Aarbecht vun de Jugendhaiser an de Beräicher Schoul, Drogen, Kriminalitéit, Gewalt, Aarbechtslosegkeet, Sexualitéit asw. ënnerstëtzen an d’Integratioun fërderen.

Babysitting a Nohëllef vermëttelen. D’DP wäert den interesséierte Jugendlechen an de Gemengen eng qualifizéiert Ausbildung zum Babysitter ubidden. Mir wäerten en einfachen an onkomplizéierte Kontakt tëschent Elteren, Familljen a Babysitteren iwwer eng Online-Plattform hierstellen, iwwer déi och aner Déngschter, wéi bspw. Nohëllefsstonne kënne weidervermëttelt ginn.

Jugendaarbecht vun de Veräiner fërderen. D’DP erkennt de Wäert vun de Sport- a Kulturveräiner an der Fërderung vun eise Kanner a Jugendlechen. Dowéinst wäerte mir d’Veräiner, déi am Beräich vun de Kanner- a Jugendaktivitéiten eng wichteg Roll spillen, finanziell a materiell ënnerstëtzen. Ausserdeem fërdere mir eng qualifizéiert Aus- a Weiderbildung vum Personal (Traineren, Museksenseignanten...) fir déi beschtméiglechst Fërderung vun de Jonken.

Verkéierssécherheet fir Kanner, Jugendlecher a Senioren. Kanner, Jugendlecher a Senioren si méi oft wéi anerer a Verkéiersaccidenter verwéckelt. D’DP setzt sech dofir ë.a. fir Tempo 30-Zonen a Wunngebidder a fir sécher Vëlosweeër a Schoulweeër an. Och wëlle mir d’Präventioun iwwert déi nei Medie fërderen.

Mobilitéit vu Kanner, Jugendlechen a Seniore besonnesch am ländleche Raum verbesseren. Mir wëllen den ëffentlechen Transport méi effizient organiséieren. Dowéinst wëlle mir dat staatlech organiséiert Transportnetz virun allem am ländleche Raum op Lücken iwwerpréiwen an op den Niewenachsen de Ruffbusmodell ausbauen. Esou solle Kanner, Jugendlecher a Seniore séier a bequem vun hirer Hausdier bis bei dat gewënschtent Zil (bspw. Muséeën, Concertshalen, Sportinfrastrukturen, Schwämmen, Museksschoulen, ëffentlech Bibliothéiken, Kinoen...) bzw. bei eng Gare oder e Busarrêt transportéiert ginn.

Spillméiglechkeeten a Wunngebidder. D’DP wäert déi geziilt Ëmsetzung vu sougenannte verkéiersberouegte „Spillstroossen“ iwwerpréiwen. Mir wäerten dofir suergen, datt bei neie gréissere Lotissementer scho bei der Planifikatioun kannergerecht Spillzonen a Spillstroosse virgesi ginn. A bestoende Wunngebidder wëlle mir, wa méiglech, kannergerecht Spillzonen a Spillstroosse schafen.

Kanner a Jugendlecher musse matentscheede kënnen. D’DP wäert d’Konzept vum Kanner- a Jugendgemengerot weider fërderen. Sou Strukturen dierfe keng Alibifunktioun iwwerhuelen. Mir wëllen d’Iddie vun de Kanner eescht huelen a se, souwäit wéi méiglech, an Entscheedungsprozesser abannen. Bei Projeten, déi Kanner a Jugendlecher direkt betreffen, wéi bspw. der Gestaltung oder Ëmgestaltung vu Schoul- a Fräizäitanlagen, wäerte mir gemeinsamen Initiative vu Léierpersonal, sozio-erzéiereschem Fachpersonal, Kanner a Jugendlechen ganz seriö huelen. Mir wëllen zesumme mat de Kanner a Jugendleche vun der Gemeng erausfannen, wat d’Jugend interesséiert, wéi eng Fräizäitoffere feelen a wéi eng Verbesserunge méiglech sinn.

De Senioren hir Erfarung an den Déngscht vun der Allgemengheet setzen. D’DP wëll d’Erfarung a d’Kompetenze vu Senioren ervirhiewen an hiren Asaz am Kader vum Benevolat a vun neie Wunngemeinschaften (z.B. Generatiounenhaiser) konkret fërderen.

Generatiounenhaiser. Mir wëlle sougenannt Generatiounenhaiser schafen, also Wunnméiglechkeeten, an deene Jonk an Aal zesumme liewen a sech géigesäiteg ënnerstëtze kënnen. Dës Wunnméiglechkeete sollen zu erschwéngleche Präisser ugebuede ginn.

„Jugend trëfft Alter“. Mir wëlle Jugendhaiser a Senioreverbänn motivéieren, gemeinsam Aktivitéiten ze organiséieren. Op dës Aart a Weis wëlle mir ënnerschiddlech Generatioune méi no zesumme bréngen an esou den Zesummenhalt an der Gesellschaft stäerken.

Jugendbeoptraagten. Mir wëllen e kommunale Jugendbeoptraagten asetzen, deen direkten Uspriechpartner fir d’Jugend ass an dem Schäffen- a Gemengerot regelméisseg iwwer d’Problemer a d’Wënsch vun de Jugendleche beriicht. De Jugendbeoptraagte soll an enker Zesummenaarbecht mat der kommunaler Jugendkommissioun schaffen.

Kannerstied. Mir wëllen a gréissere Gemengen, bezéiungsweis an Zesummenaarbecht mat méi Gemengen, Kannerstied nom Virbild vu „Mini Hesper“ organiséieren. Dëst erméiglecht et, datt Schüler op eng spilleresch Aart a Weis léieren, Verantwortung ze iwwerhuelen an d’Erausfuerderunge vum Alldag kenneléieren.

Zesumme wunnen an engem Haus. Zesumme liewen an enger Gemeng.

  • Liewen
  • Wunnen
  • Schaffen
  • Integratioun
  • Inklusioun
  • Fräizäit
  • Veräiner
  • Sport
  • Kultur
Details

1. Liewen

Stadzentren, Stadquartieren an Duerfkären. D’DP wäert d’Bierger an d’Planifikatioun a Gestaltung vun den Zentren a Quartieren vun eise Gemenge matabezéie fir dës weider ze beliewen. (Verkéiersneireegelung, Gestaltung vun ëffentleche Plazen, Fouss- a Vëlosweeër, Vernetzung tëschent Duerfkären an der Ëmgéigend, Fërderung vun der Mobilité douce, Schutz an Erhalt vu prägende Strukturen an Infrastrukturen, ...).

Genuch Gréngfläche bei der Gestaltung vum ëffentleche Raum. Fir d’Liewensqualitéit vun de Bierger ze verbesseren, wëlle mir fir genuch Gréngs am ëffentleche Raum suergen.

Shared space. Op gëeegente Plaze wëlle mir nom Virbild vu Bartreng sougenannte „Shared Space“-Zonen ariichten, wou Foussgänger, Cyclisten an Autofuerer respektvoll mateneen ëmgoe sollen.

Regional denken, regional managen. Déi mannst Gemengen kënnen hire Bierger all Infrastrukturen an all Déngschter ubidden. Dowéinst wäert d’DP verstäerkt op regional Kooperatioun tëschent den eenzele Gemenge setzen, souwuel wat bestoend Strukturen, wéi och nei Infrastrukturprojeten ugeet. Heibäi muss och un d’Mobilitéit geduecht ginn, fir datt d’Leit Accès zu alle regionalen Offeren hunn.

Parrainage fir ëffentlech Gréngflächen. Bierger, Schoulen an Entreprise sollen d’Méiglechkeet kréie fir e Parrainage fir ëffentlech Gréngflächen ze maachen, a sech esou kënnen ëm d’Planzen an d’Fleeg vu Gréngflächen (bspw. an hirer Strooss oder virun hirer Dier) bekëmmeren (Schoulgaart, Gemeinschaftsgaart, „urban gardening“).

Liichtverschmotzung iwwerpréiwen. Liichtverschmotzung a Stied kann negativ Folge fir Mënsch an Ëmwelt hunn. Dat ka bspw. zu gesondheetleche Problemer wéinst Schlofstéierunge féieren. Mir wëllen dowéinst d’Beliichtungskonzept an de Gemengen ënner dem Aspekt vun der Liichtverschmotzung iwwerpréiwen an, wa méiglech upassen.

Belästegung duerch Kaméidi bekämpfen. Kaméidi kann d’Liewensqualitéit vu ville Bierger beanträchtegen. D’DP wäert sech déi bestoend Kaméidiskaarten ukucken a konkret Aktiounspläng ausschaffen an ëmsetzen.

2. Wunnen

Formatiounsméiglechkeete fir all d’Bierger, ob se eng Wunneng hunn oder eng sichen. D’Gemenge sinn no um Bierger an dowéinst den idealen Uspriechpartner, wat Informatioune ronderëm d’Bauen a d’Wunnen ugeet. D’Gemenge sollen dobäi net a Konkurrenz zu de bestoenden Acteure stoen, mee villméi de Kontakt an Informatiounsfloss, besonnesch am soziale Wunnengsbau, tëschent alle Bedeelegte vereinfachen an erméiglechen.

Bezuelbare Wunnraum fir jonk Famillje mat Hëllef vun der Gemeng. Wunnraum a Bebauungsflächen an ëffentlecher Hand, solle prioritär u jonk Famillen a Stéit aus der eegener Gemeng goen. An zwar iwwer Erbpacht. D’DP wäert ausserdeem de soziale Wunnengsbau weider ukuerbelen.

DP National: D’DP huet mat der Steierreform geziilt op de Wunnengsmaart ausgeriichte Mesuren ëmgesat, déi virun allem jonk Mënschen dobäi ënnerstëtze sollen, eng eege Wunneng ze kafen. D’Verloune vu Wunnengen un déi staatlech unerkannte sozial Partner ass z.B. zur Halschent steierfräi. Iwwer d’Gemengefinanzreform kréien d’Gemengen en zousätzlechen Ureiz fir Sozialwunnengen ze bauen. Op Bestriewe vun der DP hin, huet d’Regierung och eng Subventioun fir d’Locatairen agefouert, déi et sozial méi schwaach gestallte Locatairë méi einfach mécht fir hei am Land eng Wunneng ze fannen.

Alternatiivt, flexibelt, behënnerten- an altersgerecht Wunnen an der Heemechtsgemeng. D’DP wäert bei méi grousse Lotissementer alternativ Wunnforme fir méi al Matbierger mat aplangen an dofir suergen, datt an der Noperschaft optimal sozial a medezinesch Infrastrukture bestinn.

Betreit Wunnen doheem, fir den drëtten Alter individuell gestalten ze kënnen. Betreit Wunnen ass e wichtege Bestanddeel vun der DP-Politik. Vill eeler Mënsche fillen sech doheem wuel a wëllen net aus hirem gewinnten Ëmfeld gerappt ginn. Dowéinst wäert d’DP d’Offer fir betreit Wunne weider ausbauen.

Generatiounenhaiser. Mir wëlle Wunnméiglechkeeten, sougenannte Generatiounenhaiser a Wunngemeinschafte schafen, an deene Jonk an Al zesummeliewen a sech géigesäiteg ënnerstëtze kënnen. Dës Wunnméiglechkeete sollen zu erschwéngleche Präisser ugebuede ginn.

3. Schaffen

Kommunal a regional Industrie- a Gewerbezonen. Mir wëlle weider op kommunal a regional Industrie- a Gewerbezone setzen, fir datt bestoend Entreprise kënnen ausbauen an nei Betriber sech kënnen an der Gemeng etabléieren. D’Liewensqualitéit vun de Bierger an den Dierfer soll net dorënner leiden. Dës Zone mussen effizient un d’bestoend Stroossennetz ugebonne ginn, ouni datt zousätzleche Pendlerverkéier an den Uertschaften entsteet.

Raum fir Start-up-Firme bidden. Start-up-Firmen hunn et net liicht sech ze etabléieren. Oft feelt et um néidege Kapital a Raimlechkeeten. Dofir wëlle mir Deeler vu kommunalen Aktivitéitszonen a Bürosfläche jonken an innovative Start-Upen an Handwierksbetriber käschtegënschteg zur Verfügung stellen.

4. Integratioun an Inclusioun

Lëtzebuergesch als Integratiounssprooch stäerken. Déi lëtzebuergesch Sprooch ass fir d’DP e wichtegt Element fir d’Integratioun vun auslännesche Matbierger. Aus deem Grond wëlle mir déi kommunal a regional Offer vu Lëtzebuergeschcoursen duerch eng mi grouss Offer u Sproochecourseproffen ausbauen.

DP National: D’DP setzt sech an der Regierung fir eng verstäerkte Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch an. Ënner der Leedung vum Bildungs- a vum Kulturministère gouf eng national Strategie fir d’Fërderung vun der Lëtzebuerger Sprooch ausgeschafft.

Nei Awunner informéieren. Nei Awunner vun enger Gemeng wëlle mir vun Ufank un iwwer d’Gemeng, hir Aktivitéiten an d’Veräiner informéieren. Mir wäerte reegelméisseg Wëllkommensdeeg zesumme mat der Veräiner organiséieren an eng praktesch Broschür mat alle wichtegen Informatiounen un nei Matbierger verdeelen.

Veräiner mat abezéien. D’Veräiner spillen eng wichteg Roll fir d’Liewen an enger Gemeng. Mat Schnuppercoursen a reegelméissege Veräinsdeeg kënnen nei Awunner besser integréiert a sozial Kontakter gefërdert ginn.

Parrainageprojeten. D’Bierger sollen d’Méiglechkeet kréien, e Parrainage iwwer nei Awunner an der Gemeng z’iwwerhuelen a si z.B. bei administrativen Ofleef ënnerstëtzen an hinne generell d’Gemengeliewe méi no bréngen.

Regional Kooperatioun, fir Erausfuerderungen unzegoen. Kleng Gemenge kennen net alles eleng bewältegen. Dofir ënnerstëtze mir och hei eng systematesch regional Kooperatioun ënnert de Gemengen, bspw. fir Lëtzebuergeschcoursen unzebidden.

Inclusioun op kommunalem Niveau fërderen. Inclusioun ass der DP an alle politesche Beräicher wichteg. Al Gebaier sollen esou renovéiert ginn, datt se och fir Leit mat kierperlechen Handycape gutt accessibel sinn.

DP National: Mat der Ratifizéierung vun der UNO-Behënnerterechtskonventioun verflicht Lëtzebuerg sech weider Efforte fir d’Inclusioun hei am Land ze maachen. D’DP huet sech ënner anerem duerchgesat, datt d’Gebäerdesprooch offiziell unerkannt ginn ass. Mir wëllen déi Mesure elo konkret fërderen, wéi zum Beispill duerch den Asaz vun der Gebäerdesprooch an de Schoulen.

5. Fräizäitoffer (Veräiner, Sport a Kultur)

Potenzial vun de Schoulen a Veräiner mat abezéien. Eng Gemeng lieft virun allem duerch d’Aktivitéit vun de Veräiner. Dowéinst wëlle mir engersäits d’Jugendaarbecht vun de Veräiner geziilt fërderen an anersäits d’Zesummenaarbecht vu Betreiungsplazen, Schoulen, Jugendhaiser a Veräiner ausbauen. D’DP wëll ausserdeem de Benevolat méi staark ënnerstëtzen.

Kënschtler fërderen. D’DP leet vill Wäert dorop, déi lokal a regional Kultur ze fërderen a Kënschtler d’Méiglechkeet ze ginn, hir Wierker auszestellen. Duerch e reegelméissegen Dialog tëschent de Responsabelen an de Kulturschaafende sollen de Kënschtler adequat Raimlechkeeten an Infrastrukturen zougänglech gemaach ginn an d’Ausübung vun enger kënschtlerescher Aktivitéit esou erliichtert ginn.

D’Jugendszeen ënnerstëtzen. D’Jugendszeen dréit an de meeschte Länner, Stied an Dierfer staark zur Lokalkultur an de Gemenge bäi. Mir wäerten déi Jugendlech ënner anerem mat Graffitiplazen, Skateparken a méiglechst villsäitege Veranstaltungen dobäi ënnerstëtzen, Konscht a Kreativitéit legal auszeüben.

Kultur an Animatioun an der Gemeng fërderen. D’DP ënnerstëtzt Kultur an Animatioun am Sënn vu liewensfroue Gemengen, déi d’Bierger zesumme bréngen an an d’Gemeinschaft integréieren.

Zougang zu Museksunterrecht fir Jonk an Al erliichteren. D’DP ass dovunner iwwerzeegt, datt d’Musek eng wichteg Roll an der Erzéiung vun eise Kanner spillt. Dowéinst wäerte mir ons dofir asetzen, datt de Museksunterrecht am Sënn vum Subsidiaritéitsprinzip zu enger obligatorescher Aufgab vun de Gemenge gëtt. All Kanner sollen – egal wou se wunnen – eng héichwäerteg musikalesch Grondausbildung kréien.

Breedesport fir Al a Jonk. Sport gëtt net nëmmen an de Veräiner ugebueden, mee gëtt ëmmer méi oft vun eenzele Persounen oder a klenge Gruppe bedriwwen. D’DP wäert de Breedesport ënnerstëtzen, andeems mir Plaze fir Sport a Spill erhalen, bzw. schafen (z.B. Sport- a Futtballsplazen, uerdentlech Schëlter op Bëschweeër, Lafstrecken oder Vëlos- bzw. Moutainbikeweeër).

Fräizäitaktivitéite fir Senioren. An Zesummenaarbecht tëschent de lokalen a regionale Vereenegungen an de Vertrieder vum 3. Alter wäert d’DP adaptéiert Fräizäitaktivitéiten organiséieren.

Attraktiv Sportanlagen. D’DP trëtt fir attraktiv a praktesch Sportanlagen an, déi virop solle vu Schoulen a Veräiner benotzt ginn. Mir wäerten och, a Collaboratioun mat de Veräiner, probéiere fir d’Sportanlagen alle Bierger souwäit wéi méiglech zougänglech ze maachen.

„Entdeckungsdeeg“ fir Veräiner a Bierger. Mir wëlle reegelméisseg Entdeckungsdeeg organiséieren, an deenen interesséiert Bierger déi verschidde Veräiner a Fräizäitméiglechkeeten an der Gemeng kënne kenneléieren. Virun allem nei Bierger aus der Gemeng kënnen hei d’Gemeng an hir Mënsche besser kenneléieren an esou méi einfach an d’Duerfliewen integréiert ginn.

Kultur- a Sportbeoptraagten. Mir wäerten a méi grousse Gemengen en direkten Uspriechpartner fir d’Veräiner an d’Leit schafen, déi am Kultur- a Sportberäich aktiv sinn.

Infrastrukture voll ausnotzen. Dacks si kommunal Sportinfrastrukturen a Gemengesäll voll  ausgelaascht. Wann net, da wëlle mir och Privatpersounen d’Méiglechkeet gi fir dës Infrastrukturen ze notzen.

Fir Gemengen, an deene mir jonk kënne sinn an al wëlle ginn.

  • Sécherheet
  • Propretéit
  • liewenswäert Gemeng
Details

1. Sécherheet

Parallelgesellschafte verhënneren. Mir wëlle bestoend an nei Wunngebidder duerch baulech a urbanistesch Moossname méi attraktiv gestalten an esou fir déi néideg sozial a wirtschaftlech Villfalt suergen, déi d’Entstoe vu Parallelgesellschaften ze verhënneren.

Mënsche statt Randgruppen. Mir wëllen Obdachloser an Drogenofhängeger net stigmatiséieren. Dofir musse mir dezentraliséiert Infrastrukturen, sozial betreit Wunnstrukturen an Therapie- a Posttherapieplaze schafen.

Sécherheetspolitik heescht Sozialpolitik. Mir wëllen déi kommunal Kompetenzen am Beräich vun der Sozialpolitik ausreizen. Mir wëllen zemol an Zesummenaarbecht mat de kommunalen Offices sociaux géint d’Veraarme vun eenzelen Deeler vun onser Gesellschaft virgoen.

Méi Streetworker. Streetworker hu sech am Kontakt mat Obdachlosen, Drogenofhängeger a Prostituéierte bewäert. D’DP wäert an de grousse Gemengen zousätzlech Sozialaarbechter astellen a geziilt Hëllefsoffere fir sozial ausgegrenzte Mënschen ausschaffen. Mir wäerten de Sozialaarbechter déi noutwendeg Mëttel zur Verfügung stellen, fir hir Aarbecht op eng effizient Aart a Weis duerchféieren ze kënnen.

Keng Prostitutioun op eise Stroossen. Mënschenhandel an oppe Prostitutioun op der Strooss wëlle mir net toleréieren.

Méi Policepräsenz a Kontrollen. Mir setzen eis dofir an, datt d’Policepräsenz a Problemquartieren erhéicht gëtt. D’Police muss iwwer déi néideg Personalressourcen an optimal technesch Mëttel verfügen, fir z.B. organiséierten Drogenhandel, organiséiert Heescherei oder Mënschenhandel ze ënnerbannen. Zousätzlech fuerdert d’DP, datt Policepatrullen a Wunnquartieren ausgebaut ginn, fir preventiv géint Abriecher virzegoen.  

Platzverweis fuerderen. De Platzverweis kläert keng Verbriechen op, erméiglecht et awer de Beamten, eng potenziell kritesch a geféierlech Situatioun opzeléisen.

Kommunal Policereglementer iwwerschaffen. Mir wëllen d’Policereglementer op hir Effizienz hin iwwerpréiwen a, wann néideg, iwwerschaffen. Fir d’Police ze entlaaschte wäerte mir bei Bedarf zousätzlech „agents municipaux“ astellen, fir Verstéiss géint dat kommunaalt Policereglement ze kontrolléieren an ze sanktionéieren.

DP National: D’DP huet sech an der Regierung dofir agesat, datt d’Kompetenze vun de sougenannte „agents muncipaux“ erweidert ginn, fir d’Police bei méi klengen Delikter ze entlaaschten.

Reegelméisseg Iwwerschaffe vun de lokale Sécherheetspläng. Mir wäerte mat den zoustännege Gemengekommissiounen, de Bierger, an de lokalen a regionale Policekommissariater lokal Sécherheetspläng opstellen a reegelméisseg iwwerschaffen, fir se op d’Bedürfnisser vun de Bierger ofzestëmmen.

Bessert Beliichtungskonzept. Mir wëlle vill frequentéiert Plazen nuets besser beliichten an doduercher méi secher maachen. Och Foussgängerweeër, Busarrêten an Zebrasträife sollen uerdentlech beliicht sinn. Dat gëllt virun allem am Wanter, wa vill Schüler mueres am Däischteren ënnerwee sinn. D’DP wëll ausserdeem d’Beliichtungskonzept vun de Gemengen op eventuell Liichtverschmotzung iwwerpréiwen, ouni de Sécherheetsaspekt ze vernoléissegen.

Präventiounsaarbecht a Jugendhaiser. Jugendhaiser sollen net nëmme sënnvoll Fräizäitaktivitéiten ubidden, mee och eng präventiv a berodend Aarbecht mat Jugendleche leeschten, z.B. an de Beräicher Zesummeliewen, Schoul, Drogen, Kriminalitéit, Gewalt, Aarbechtslosegkeet, Integratioun, Inclusioun, asw.. D’DP wäert dowéinst zesumme mat de Jugendhaiser an de Jugendlechen e pädagogescht Konzept ausschaffen.

Opklärungscampagnen an Zesummenaarbecht mat der Police. Vill Haiser sinn net genuch virun Abréch geschützt. Dowéinst wëlle mir reegelméisseg Opklärungscampagne starte mat hëllefräichen Tuyauen, wéi ee sech besser virun Abréch an anere Strofdote schütze kann. Ähnlech Opklärungscampagne sollen och zum Thema Verkéierssécherheet organiséiert ginn.

Biergerversammlungen. D’DP wëll reegelméisseg Biergerversammlungen organiséieren, wou d’Awunner op Sécherheetsproblemer hiweise kënnen. Zesumme mat de Bierger a mat  der Police wëlle mir besser Sécherheetskonzepter ausschaffen.

Defibrillatore rette Liewen. Mir wëllen d’Gemenge flächendeckend mat einfach ze benotzenden Defibrillatoren equipéieren. Dat gëllt zemol fir Schoul- a Sportinfrastrukturen a fir soss vill benotzten Ariichtungen.

2. Propretéit

Organiséierte Plang fir propper Gemengen. Propper a gefleegten Uertschafte si fir eis kee Luxus, mee e feste Bestanddeel vu liewenswäerte Gemengen. Mir wëllen dofir, datt d’Aarbechtsorganisatioun an deem Beräich permanent entwéckelt gëtt.

Zousätzlech Dreckskëschten. Mir wëlle genuch ëffentlech Dreckskëschten opstellen, fir Knascht op Gréngflächen an op ëffentleche Plazen ze verhënneren.

„Report-it“. Mir wëllen, ähnlech wéi d’Stad Lëtzebuerg, eng Onlinesoftware zur Verfügung stellen, wou d’Bierger kënne mellen, wann ëffentlech Infrastrukture musse gefléckt, oder Plaze musse gebotzt ginn.

Reegelméisseg Iwwerpréiwung vun der Loftqualitéit. Virun allem op vill befuerene Stroosse gëtt d’Loft verknascht. Mir wëllen d’Loftqualitéit an eise Gemenge méi dacks iwwerpréiwen a wann néideg verkéierstechnesch Moossnamen ergräifen, fir gesondheetlech Risiken ze reduzéieren.

Hondstuuten an Hondstoiletten. Mir wäerten op vill benotzte Weeër genuch Hondstuuten an Hondstoiletten zur Verfügung stellen, fir datt eis Stroossen a Plaze propper bleiwen. 

Mir schwätze vill Sproochen, online ass eng dovunner.

  • Déngscht um Bierger
  • Kommunikatioun
  • Transparenz
  • Gesond Gemengefinanzen
Details

1. Déngscht um Bierger

Biergerbüroe mat flexibelen Ëffnungszäiten. Mir setzen eis besonnesch a méi grousse Gemenge fir sougenannte Bierger-Centeren an, fir gängeg Saache séier an onkomplizéiert z’erleedegen. Mir wëllen do, wou et nach net de Fall ass, d’Ëffnungszäiten op d’mannst op munchen Deeg un d’Aarbechtszäite vun de Bierger upassen a sougenannten Owesstonnen ubidden.

Gutt geschoult Gemengepersonal. De Kontakt an d’Kommunikatioun mat de Bierger gehéieren zu de wichtegsten Aufgabe vun enger Gemeng. Mir wäerten d’Gemengepersonal op dës Aufgab virbereeden, andeems mir spezifesch Formation continue zur Verfügung stellen. D’DP gesäit d’Gemengen als fortschrëttlechen Employeur, deen seng Mataarbechter motivéiert a seng Aufgaben zur Zefriddenheet vun hire Bierger erfëllt.

E-Gemenge maachen de Kontakt mam Bierger méi einfach. An de leschte Jore gouf scho munches gemaach, fir datt déi meescht Demanden an enger Gemeng kënnen online gemaach ginn. D’DP wäert d’Disponibilitéit vun de Gemengen online weider ausbauen an d’Benotzerfrëndlechkeet vun de Servicer verbesseren.

Elektronesch Aktenasiicht. Mir wëlle kommunal Verwaltungsvirgäng méi transparent a fir de Bierger novollzéibar gestalten. Dowéinst wëlle mir dem Beispill vun der Stad Lëtzebuerg nogoen an de Bierger eng elektronesch Asiicht an d’Akten an an den aktuelle Stand vun den Ufroe méiglech maachen.

Kommunal Mediatiounsstell. Streidereien ënner Nopere kommen ëmmer nees vir. D’DP wëll dowéinst en neutralen Ombudsmann domat beoptragen, bei Problemer a Streidereien ze schlichten, wann dëst vun enger vun de betraffene Persounen erwënscht ass.

2. Kommunikatioun

Traditionell a modern Kommunikatiounsmëttel. De Kontakt mat de Gemenge soll fir de Bierger sou einfach wéi méiglech sinn. D’DP setzt nieft den traditionelle Kommunikatiounsweeër (z.B. de „Gemengebuet“) virun allem op den Internet an déi sozial Medie, fir datt d’Kommunikatioun esou séier wéi méiglech ass.  

Informéieren ass gutt, kommunizéieren ass besser. Déi sozial Medien erlaben et dem Bierger ganz bequem seng Gemeng ze kontaktéieren an esou eventuell Problemer onkomplizéiert ze léisen. Mir wëllen de Kontakt mat de Bierger iwwer Facebook an Twitter verstäerken.

Elektronesch Informatiounstafelen. Mir wëlle méi elektronesch Informatiounstafelen an d’Duerfagäng an op aner strategesch wichteg Plazen opstellen, fir wichteg Informatiounen a Manifestatiounen z’affichéieren.

Biergerconsultatiounen. Mir wëlle reegelméisseg Biergerconsultatiounen organiséieren, an deenen d’Bierger dem Schäfferot hir Suergen, Problemer a Virschléi matdeele kënnen. D’Gemeng soll duerfir suergen, datt dem Bierger säin Uleies en uerdentleche Suivi kritt. D’Leit sollen och wëssen, wou hir Proposen oder Reklamatiounen dru sinn.

„Report-it“. Mir wëllen, esou wéi an der Stad, eng Online-Software, mat där de Bierger ka matdeelen, wann eppes an der Gemeng sollt gefléckt oder eppes sollt gebotzt ginn.

Verständlech kommunizéieren. Mir wäerten eis dofir asetzen, datt d’Kommunikatioun tëschent Gemeng a Bierger méi einfach a verständlech gëtt. Mir wëllen, wa méiglech, op déi komplizéiert Beamtesprooch verzichten. Weider sollen d’Gemenge bei all Kommunikatioun ëmmer op op d’mannst zwou vun den offiziellen Amtssprooche gebrauchen. Wa méiglech, wëlle mir och méi lëtzebuergesch gebrauchen.

3. Transparenz

Videoiwwerdroung vu Gemengerotssëtzungen. Gemengerotssëtzungen iwwerschneiden sech oft mat den Aarbechtszäiten. D’DP wëll, datt all d’Gemengerotssëtzunge gefilmt, a live oder zäitversat iwwerdroe ginn.

Online-Zougang zu Dokumenter. All politesch a verwaltungsrelevant Dokumenter, déi keng perséinlech Informatiounen enthalen, sollen onageschränkt iwwer d’Internetsäite vun de Gemengen disponibel sinn.

4. Gesond Gemengefinanzen​

Reegelméisseg Screeningen. D’DP setzt sech fir méi Effizienz bei den Ausgabe vun de Gemengen an a wëll iwwer sougenannte Screeningen an (inter-) kommunalen Akafzentralen zousätzlech Raim fir nei Initiativen an Investitioune schafen. Mir triede fir eng responsabel Finanzpolitik an. D’Verscholdungskapazitéite sollten nëmmen da genotzt ginn, wa bedarfsorientéiert Investitiounen an d’Zukunft vun der Gemeng a vun hire Bierger noutwendeg sinn. Dobäi muss op d’Nofollegkäschte fir de Gemengebudget uecht gedoe ginn.

Alternativ Finanzéierungsmodeller. Wa méiglech a sënnvoll, wäerte mir Investitiounen zesumme mat privaten Entreprisen an interesséierte Bierger oder mat Hëllef vun alternative Finanzéierungskonzepter (z.B. Public Private Partnership oder Crowdfunding bei Solaranlagen oder Wandmillen) maachen.

DP National: Enn 2016 huet d’Parlament eng Gemengefinanzreform ugeholl, déi fir eng méi gerecht Verdeelung vun de finanzielle Mëttelen op déi eenzel Gemenge suerge wäert. D’DP huet mat der Aféierung vun engem Kompensatiounsmechanismus dofir gesuergt, datt mat dëser Reform keng Gemeng finanziell méi schlecht do steet, wéi am Referenzjoer 2015. D’Regierung huet déi enorm Wichtegkeet vun der Aarbecht erkannt, déi d’Gemengen am Interessi vun de Bierger leeschten. Dowéinst gouf beschloss, datt de Staat déi gesamt Käschte fir d’Gehälter vum Léierpersonal iwwerhëlt a soumat de Gemenge ronn 90 Milliounen Euro pro Joer méi zur Verfügung stinn. 74 Gemengen hunn dank der Gemengefinanzreform méi Geld zur Verfügung, wéi dat virun der Reform de Fall war.